Roboter Summer Camp

Roboter Summer Camp

Komm a bau däin eegene Roboter!

Von Coding4Kids

Datum und Uhrzeit

Mi. 22. Juli 2020 10:00 - Fr. 24. Juli 2020 17:00 CEST

Veranstaltungsort

Base1 Makerspace

Forum Geesseknäppchen 40, Boulevard Pierre Dupong 1430 Luxembourg Luxembourg

Zu diesem Event

Bei dësem Summer Camp dréit sech alles em Roboter!

Kanner tëscht 8 an 14 Joer kënnen hei hir éischt Schrëtt an d'Welt vun der Robotik maachen: Mir wäerte spillen, plangen, bastelen a kniwwelen, sou dass jiddereen sech ameséiert a säi selwer-gebaute Roboter mat heem huele kann.

De Camp dauert vu Mëttwochs bis Freides, 22-24. Juli, vu moies 10 bis owes 17 Auer. D'Aktivitéite fannen am & ronderëm de Forum Geesseknäppchen statt. Mir treffen eis am Makerspace um éischte Stack.

All Kand soll w.e.g. säin eegene Picknick fir d'Mëttespaus matbréngen, an och eng Fläsch Waasser déi mir opfëlle kënnen.

Virkenntnesser brauch ee keng, just är gutt Laun sollt dir matbréngen, an eventuell e puer Frënn!

Mir respektéieren déi offiziell Sécherheetsvirschrëften wat de Covid-19 ugeet, an eis Coachen kréien eng Formatioun iwwert d'sanitär Reegelen. D'Kanner wäerten a klenge Gruppe vu 5 schaffen, ëfters dobausse spillen an d'Hänn reegelméisseg wäschen. D'Kanner brauche keng Mask un ze doen. Masken sinn awer obligatoresch fir d'Elteren!

Wärend dem Summer Camp wäerten och e puer Fotoe gemaach ginn, déi zum Beispill an engem nächste Makermag erschénge kënnen. Sot eis einfach moies Bescheed falls dir dozou Bedenken hutt.

Schlussendlech nach eng kleng Nott zum Dateschutz: Conformément au chapitre VI de la Loi du 2 août 2002 relative à la protection des personnes à l'égard du traitement des données à caractère personnel ( voir sous rubrique http://legilux.lu ) vous disposez de certains droits, dont notamment le droit d'accès aux informations qui vous concernent et un droit de rectification des informations inexactes. Si vous entendez exercer ces droits, veuillez contacter le SNJ.

Veranstaltet von

Coding4Kids ist eine gemeinsame Initiative von BEE Creative & Code Club Luxembourg

Bei Fragen, melden Sie sich bitte telefonisch: (+352) 247-86486

Verkauf beendet